comité

Léiw Frënn ,

Mäin Numm ass Jean-Luc Weber, sinn 22 Joer aal, an am 4en Joer Medezin hei zu Paräis .

Responsabel fir de Sport vun der AELP(2007-2009) an Event-Manager vun der REEL 08 zu Paräis sinn ech frou fir dëst Joer mat enger top motivéierter an dynamescher Équipe , Iech kennen ären Openthalt zu Paräis sou onvergiesslech wei méiglech ze man.

Nieft deenen traditionellen Héichpunkten (Beaujolais, Tournoi de Noel, Paräisser Bal, Soirée Péniche…) wäerten mer Iech dëst Joer och verschidden aner Aktivitéiten ubidden sief et kulturell, gastronomesch, sportlech, oder einfach nëmmen feieren, sou dass fir jiddereen eppes dobäi ass.

Wënschen Iech nëmmen dat bescht an freeën mech fir Iech kennen op villen vun onsen legendären Eventer ze begréissen! Studentenzäit ass déi beschten Zéit ;-)

Ären President

   

Bonjour, je m'appelle Paul Faltz, je suis en double Master 1 de droit des affaires et de gestion d'entreprises à PARIS 1, et j'ai l'honneur d'avoir été élu vice-président des étudiants luxembourgeois à Paris.

En tant que vice-président, je veillerai à ce que notre cercle vous offrira un maximum d'événements mémorables ! On essayera de vous faire changer d'idées lors de nos nombreuses rencontres et j'espère qu'on passera de bons moments ensemble. En tout cas, je m'investirai au maximum pour que ce soit le cas !

   

 

Salut, ech sinn den Jo Weidert, ech sinn 21 Joer aal, an sinn lo och schonns säit 3 Joer hei zu Paräis. Ech sinn am 3. Joer, droit privé, op da Université Panthéon Sorbonne Paris I. Säit deenen 3 Joer verbréngen ech eng super Zäit hei zu Paräis, an dofir hunn ech mech och engagéiert fir kënnen, am Kader vum Cercle ze hëllefen weiderhin sou flott Aktivitéiten ze organiséieren. Dëst ass net mäin éischt Joer als Comités Member, ech wor d' lescht Joer alsEvent Manager täteg. Dëst Joer hunn ech d ‘Éier d' Funktioun vum Secrétaire ze iwwerhuelen, also wäert ech iech iwwert alles um Lafenden halen wat sou leeft. Nieft mengem Studium, an den Aktivitéiten am Cercle, genéissen ech natierlech all déi aner Aspekter vun dëser super Staat, souwuel vum Kulinareschen hier, wei och vum Nuetsliewen! Ech freeën mech op en flott Joer mat iech all.

 

   

 

Léif Frënn, mäi Numm ass Philippe Sylvestre an ech sinn den 19. August 1988 gebuer.

Ech studéieren Droit op der Sorbonne Paris 1 wou ech mech am droit privé spezialiséieren.

Säit 2 Joer sinn ech lo am Comité vun der AELP an ech engagéieren mech dëst Joer, wéi och schonn d' lescht Joer als Trésorier an der AELP. Ech fannen d'AELP eng gutt Méiglechkeet fier och zu Paräis mat Lëtzebuerger a Kontakt ze bleiwen. Ech perséinlech hat d' lescht Joer eng phantastesch Zäit, op dat mam Comité war oder mat den Memberen vun der AELP an ech hoffen iech all do kennen ze begréissen an dass mer zesummen vill Spaass wäerten hunn.

Ären Trésorier,

Philippe Sylvestre


   

Moien

Ech sinn d'Simone Schmitt, hunn 20 Joer a sinn am 2. Joer Droit zu Paräis op der Sorbonne. Dat heiten ass lo mäin 2. Joer zu Paräis, wat eng genial Stad ass. A menger Fräizäit ginn ech lafen a reiden och, oder spazéieren einfach duerch Paräis. Ech ginn gären eraus an hu gären e flotten Owend, wat och ee vun de Grënn ass wisou ech Event Manager wollt ginn am Comité. Fir de Rescht fannen ech dass mir eng flott Équipe zesummen gesat hunn an hoffen dass mer vill gudd Saache dëst Joer op d‘ Been gestallt kréien.

   

 

Salut,

Ech sinn de Gilles Godart an studéieren op der Panthéon-Sorbonne Economie am Master1. Nieft dem Studéieren genéissen ech et an sou enger interessanter Staat wei Paräis ze liewen, déi engem all Daach nees nei Facetten wéisst. Ech hoffen Iech all op den legendären Soiréeën fun der AELP remzegesin, an datt mer zesummen flott Owender verbréngen.

Ären Event Manager

   

 

Moien !

Je m'appelle Andreas Hommel et je suis étudiant en deuxième année de master à l'ESCP-EAP et en Master 1 en droit à l'Université Paris XI. Après deux années d'études à l'Université catholique de Louvain j'ai la chance de poursuivre mes études dans la plus fabuleuse ville d'Europe qui d'autant plus connaît une association des étudiants luxembourgeois particulièrement dynamique. Je suis impatient de vous rencontrer lors d'un des nombreux événements de l'AELP.

Responsable Culture

   

 

Salut,

Ech sen den Jean Faltz, hunn 20 Joer an sen am zweeten Joer Droit op der Sorbonne.

Meng Motivatioun fier dem Comité beizetrieden war ze hëllefen eisen Memberen een sou schéinen wei méiglechen Openthalt zu Paräis ze bereeden.

Konkret sënn ech fier den Sport zoustänneg, an wann een vun iech nei Ideeën oder Virschléi zu deem Thema huet kann en sech roueg bei mier mellen.

   

Je m'appelle Alex Erpelding et je suis étudiant en droit à Paris depuis 2005. Je suis membre du Comité depuis 2006 où j'ai notamment occupé les fonctions de vice-président (2006-2007) et de président (2007-2009) avant d'être coopté comme Administrateur pour l'année 2009-2010. Je suis particulièrement fier d'appartenir à cette équipe dynamique qu'est le Comité actuel et qui saura parfaitement maintenir un équilibre sain entre sorties culturelles, activités sportives et soirées d'amusement. Enfin, je vous souhaite à toutes et à tous une excellente année 2009-2010.

 

   

Moien,
ech sinn den Michel, sinn 22 Joer aal an sinn en Droitsstudent hei ze Paräis.
Dëst Joer ass dat éischt Joer dat ech am Comité dobäi sinn! Ech freeën mech och besonneg dat ech zesummen mam Andreas Hommel mech em den Beräich vun der Kultur këmmeren, wat mech ganz vill interesséiert.
Ech wäert ewéi all die aner Memberen vum Comité méin Bescht ginn dat mer zesummen hei ze Paräis e flott Joer hunn an mech spezifesch dofir asëtzen dat d' Kultur Eventer net ze kuerz kommen!

   

Méin Numm ass Régis Moes, 23 Joer, an ech studéieren lo am 5te Joer Geschicht. Nodeems ech méin Bachelor op der ULB zu Bréissel fäerdeg gemat haat huet et mech lescht Joer op Paräis verschloen, wou ech dëst Joer en Master 2 op der Uni Paris 1 an op der Ecole normale Supérieure maachen. Nodeems ech lescht Joer d' Chance hat vun deenen villen Aktivitéiten vun der AELP ze profitéieren, hunn ech geduecht dass ech mech dëst Joer och gären géing un der Organisatioun bedeelegen, an sinn och dowéinst ganz frou dass den gewieltene Comité mech coopteiert huet. Paräis ass eng flott an intressant Stad die ëmmer rëm nei kulturell, kulinaresch an och soss Iwwerraschungen ze bidden huet vun deenen een als Student nëmme profitéieren kann, an d'AELP wäert dir och dobäi hëllefen.